AvEx-Camp

21.-31. Juli 2010 zu Stengefort

No 4 laangen Joren ass et endlech nees esou weit! Et get dest Joer erem en nationalen AvExcamp, wou all AvEx aus dem ganzen Land sech treffen fir 10 onvergiesslech Deeg mateneen ze verbrengen.
Deen leschten groussen Summercamp waar 2006 zu Schous an ennert dem Numm „Tupelay“ bekannt. Do haaten sech em die 600 AvEx an ca 200 Cheffen an Staff vesammelt fir vun der Vergaangenheet bis zur Zukunft alles mateneen ze erliewen.

An waat erwaart Iech 2010?

„Stengefort am Juli, bloen Himmel, d‘Sonn schengt, den Duerfpöbel setzt an hiiren Heipen. Am Duerf ass eng gespaanten Atmosphäre!! Haut ass den Dag wou et lass geet an keen wees wat an den nächsten 10 Deeg op en duer kennt!!!

Ritter gin erwaart!!! An hiiren blenkegen Rüstungen, op hiiren Pärd kommen se aus ganz Europa ugeridden: Normannen, Burgunder, Angelsachsen, …. Si brengen hiir Barden, Hofdämmercher a Schwerter mat, fir zu Stengefort derbei ze sin.

Wikinger gin erwaart!!! Mat hiiren Scheffer hun se de laangen Wee op sech geholl. Hun Stiirm ausgestaanen, hun all Wieder getrotzt, well och sie wollten derbéi sin, fir der Welt ze weisen wat déi Haard (mat den mellen Baaken) aus dem Norden kennen.

Mauren gin erwaart!!! Aus Afrika sin se mat hiiren eleganten schwarzen arabeschen Pärd duerch Spuenien an Frankréich gezun, wollten deen Event net verpassen. Am Gepäck hun si kromm Säbelen, Gewürzer an allen Faerwen an Formen, Théi, an wonnerschein Kleeder.

All wellen se derbéi sin um groussen Festival an Maart vun den Stämm aus aller Hären Länner. 10 Deeg treffen déi verschidden Kulturen openeen. Sie feieren mateneen, sie tauschen sech iwert hir Bréich an Kulturen aus, sie entdecken d‘Landschaft ronderem hiirem Lager, sie moossen sich bei Turnéieren an Wettkämpf.

An 3 Laageren wärt och dest Joer den Adventum MMX opgedeelt sin. Een Wikinger-Lager, een Mauren-Lager an een Ritter-Lager. All Lager huet sein eegenen Logo, Numm an een speziellt Signal fiir hiirt Lager beieneen ze ruffen. Et get och een Wettkampf teschend den Lageren, deen den ganzen Camp dauert. Et get eng Unfanksveillee, Schlussveillee, en Besuchsdag an Festival um Besuchsdag, Lagerkenneléierspill, Lagerveillee, Chantier, Hike, Challenge, Nuetsspill, Ritterturnéier, Spill, Atelieren, Schwammen, Mettelalterzelt an Animatioun, an villes mei.“

An daat Bescht ass, du kanns dest Joer mat eis op desem Camp d’Geschicht live erliewen, dofir mell dech seier bei dengem Chef un! Op Maurer, Wikinger oder Ritter, daat decideiert sech dann, mee derbei sin ass alles!!!!

Mir gesin eis um Adventum MMX Dein Topstaff

Posted in Press | No Comments »